D'MANNERER MILLEN.
D'Waasser.
D'Waasser huet eng ganz wichteg Roll an der Geschicht vu Manner an séngen Awunner gespillt. D'Liewen huet séch ëm d'Wasser organiséiert; d'Mënschen drénken et, nëtzen et fir vill Handwiirker aus, benëtzen séng Energie, verbessern hiirt Alldagiessen mat Fësch, d'Véi drénkt ës och; et as e richtég Räichtun
Di vill Millen, déi op der Mannerbach an op séngen zwee Nieweflëss, d'Tënténger an d'Stieslinger Baach, waren, as en zweechen dofir ( dräizéng Niew flëss um Enn vum XIX. Joerhonnet, den Elsten vun der Geméng no): Mielmillen (Getreide Mühle), awer och Millen fir Ueleg a Seemillen.
Am Mëttelalter hun déi si dann de Milleren verlount hun D'Awunner sin dohin hire Wess muele komm, si hun hir Beem geseet, de Fluess zerdréckt fir Ueleg ze kréien... Am XVIII. Joerhonnert hun di Launstroffer an di Reimelenger op dem Tënténger Millen geschafft.
Spéider hun d'Milleren der Hären d'"Obevemühle" an d'"Miltleremühle"op der Tënténger Baach, déi allen zwou ëm Pierre Moritz gehéirt hun, eng Uelegfabrék op der Stieslinger Baach an der Mannerer Mill, déi ëm Jean Schmitt gehéiert huet. Hien huet 1843 gefrot fir se mat em zweet Rad ze vergriseren.
E puer Millennimm sin eis bliwwen: D'Gratzemil, d'Blechmil, d'Dermischmil, d'Millerschangsmil, d'Feckmil.
D'Milleren.
Et gët vill Milleren am XVIII. an am XIX. Joerhonnet zu Manneren ( Quell: Kiéchen an Gemengenregister)
-Mierten Alexandre, Miller zu Tënténgen
-Moritz Pierre, Moritz Nicolas, Milleren zu Tënténgen
-Muller Jacques, Miller zu Manneren
-Renaux Jean, Miller zu Manneren
-Wagner Mathieu, Miller zu Tëntengen
-Anderbour Jacques, Schäffen, Miller op der Dermichermüle.
-Borhoven Christophe, Miller zu Manneren.
-Caspar Mathieu, Miller op der Blechmühle.
-Schmitt Jean, vu Piirl, Miller zu Manneren.
-Zimmer Jean, dem Schmitt Jean säin Edem, Miller op der Millerschangsmill.
-Printe Pierre, Miller zu Tënténgen.
-Tritz......, Miller zu Stiesling.
-Joachim Charles, Miller zu Manneren.
-Conter......, Miller zu Manneren.